Eng Krise, déi och eng Chance ka sinn!

Et kann dach net méi esou weider goen“: Dee Saz hu mer virun der Krise, oft gehéiert. An elo, bal, vun engem Dag op deen aneren, huet de Virus fäerdegbruecht, wat de Mënsch net fäerdegbruecht huet.

Kee Stau méi op eise Stroossen, manner Pollutioun, manner Offall, d’Waasser, wat sech regeneréiert, asw.

A wat mir jo scho laang froen, huet sech vum selwen en place gesat: Puppelcher, kleng Kanner hunn elo méi Rou, si hunn Mamma oder Pappa ronderëm sech, déi sech kënnen Zäit fir se huelen. Kee Stress fir pünktlech op der Aarbecht, an der Crèche ze sinn, keng Tréinen, kee Verlaangeren. An, eng Mamm, e Papp, kann Dag fir Dag, d’Entwécklung vun hire Kanner materliewen.

An der Aarbechtswelt ass eppes entstanen, wat mer scho laang gefrot haten: den Télétravail. Ëmmer ass gesot ginn, dat wär net méiglech, mä elo gesi mer, dass et geet an dass den Télétravail vill Stress, Stau, Pollutioun evitéiert.

Fir d’Familljen vun haut ass et eng Erausfuerderung, well si elo op sech selwer gestallt sinn. Wéi verdroen se dës Krise ouni Aggressivitéit, ouni Gegranz? Wann se eng gutt Bezéiung zu eneen hunn, dierft et – normalerweis – gutt goen.

Et sinn déi Mënschen, déi hir Famill, hir Relatioun scho virdrun gepflegt hunn, déi Mënschen, déi Vertrauen opgebaut haten… „virun der Krise“. An dat ass dat, wat mer elo léieren: schwéier Zäiten iwwersti mer besser, wa mer Mënschen ronderëm eis hunn, déi eis stéipen an eis verstinn, mat deene mer kënnen éierlech a gutt schwätzen.

Mee, et ass genee dat, wat de Familljen, a „normalen“ Zäiten schwéiergemaach gëtt. Di Zäit fir mateneen ze sinn, di Zäit, fir di selwecht Interessien ze deelen, déi feelt einfach. Duerch all dee Stress, duerch all dee permanenten Iwwerliewenskampf, duerch dee permanenten Drock doduerch, wann d’Elteren, hir Kanner net vill gesinn, konnt di Relatioun oft ni richteg opgebaut ginn.

Well di Krise fuerdert eis op, mateneen ze schwätzen. Si gëtt eis och d’Méiglechkeet, een deen aneren, richteg kennen ze léieren. Si fuerdert eis op, sech selwer ze sinn. Si fuerdert eis op, eis Kanner besser kennen ze léieren, hir Welt besser ze verstoen, eis an si eran ze versetzen.

Endlech hunn d’Elteren och Zäit, mat de Kanner ze kachen, ze backen, hinnen di 1000 Saachen ze weisen, déi den Alldag vun engem Liewen ausmaachen.

Mir wënschen Iech schéi Momenter mat Ärer Famill, wou der spillt, an der Natur kënnt sinn – souwäit mer et all erlaabt kréien. Schéin, räich Momenter, wou et flott Gespréicher an der Famill gëtt „iwwer Gott an d’Welt“, wéi et esou schéin heescht. Well d’Kanner hunn ëmmer Froen a si glécklech, wann een sech Zäit hëllt se ze beäntwerten – ouni dauernd de Bléck op de Smartphone ze hunn, deen och di schéinste Relatioun ka futti maachen.

Wa mer di Krise iwwerstanen hunn, da gëtt et een „virun“ an een „no der Krise“. Wann se fir di eng, eng Chance war, verleeft se fir vill Mënschen dramatesch, dat däerf een net ignoréieren.

 

All hu mer se ze spieren kritt. An, all droe mer eppes dovunner an eisem Liewen. Fir eis alleguerten wäert sech eppes changéieren, mir alleguerten wäerten eis eppes bewosst ginn. Wat? Dat ass individuell fir jiiddereen!

 

Isabelle Schmit-Mines

31.03.2020

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *