Zesummegehéieregkeet

Den Dag vun der Fra – wat bleift nach?

1909: Si hunn sech vir eis agesat, eis Virgängerinnen, fir dass d’Fraen och Rechter kréien. En Internationalen Fraendag war du schonn an d’Liewen geruff ginn.

1968: Si ware lëschteg, d’Meedercher, wéi se méi Fräiheet kritt hunn, wéi d’Liewen voll Hoffnung a Freed war. Et war eng Zäit vun Kollegialitéit tëschent Meedercher a Jongen (« Vous les copains, je ne vous oublierai jamais » hat d’Sheila deemools gesongen), et war eng Zäit vu Verléiftheet.

2020: eng Manif an eiser Haaptstaad, wou een net dolaanscht kënnt ze denken, dass et och eng Hetzcampagne géint d’Männer war an och deelweis géint Lëtzebuerg (ech zitéieren e puer Säz net, si sinn ënner aller Clarinette).

Wat bleift dann elo? Roserei, wou een sech auserneen lieft, amplaz mateneen eppes opzebauen, wat eng Zukunft huet.

Eng Zukunft, déi mat Léift ze dinn huet, eng Zukunft, déi mat Häerz ze dinn huet.

Almoudesch? Villäicht!

Mä, wéi wëlle mer dann eng Gesellschaft opbauen, wann een géint deen aneren ass? Wa mer nach just a Roserei mateneen schwätzen? Wa Reprochen a frech Äntwerten eisen Alldag dominéieren?

Ech mengen net, dass dat d’Iddi vun deemools war.

Ech mengen net, dass di meescht Fraen och esou denken. 

An dat ass et, wat ebeemol esou geféierlech gëtt: d’Fraen ginn onsécher gemaach, a wëssen selwer net méi, wéi se sech solle behuelen, mengen villäicht si missten och streiden, „hire Mann stellen“, obwuel dat net zu hirem Wiesen passt.

Who cares – we care“ huet och e Slogan op der Manif geheescht.

An esou wéi dee Message eriwwer komm ass, kléngt et, wéi wann alles dat, wat mer fir eis Kanner, eise Partner, eis Elteren, eise Stot maachen, nëmmen eng Corvée wär. An dat ass dach net wouer! Wéi gären kachen oder backen ech, wann ech gesinn dass et mengen Léifsten gutt schmaacht. A raumen gehéiert eben och dozou. An dann? Wéi gären huelen ech mer Zäit, fir mat hinnen zesummen ze spillen, ze schwätzen, ze diskutéieren. D’Tragik an eiser Zäit ass, dass eng Mamm net méi däerf Mamm sinn, sou wéi si et gären hätt. Schaffen, schaffen fir iwwerhaapt kënnen ze liewen. Do bleift oft keng Zäït fir Mamm ze sinn.

Um „Dag vun der Fra“ gëtt net vu „Mammeléift“ geschwat.

Eng Fra, déi Mamm ass, gäre Mamm ass, déi sech als „full-time Mamma“ entfalt, ass grad esou vill Wäert wéi eng Mamm déi sech an hirem Beruff entfalt. Respektéiert endlech déi Mammen an accordéiert hinnen, eng Contributioun, fir eben dee Beruff, deen se sech gewielt hunn. Well och si leeschten eppes fir d’Gesellschaft.

Wat aus deenen nächste Generatioune gëtt, wou sou vill Kanner hir affektiv Besoine net gestëllt kréien: kee Mënsch mécht sech Gedanken driwwer.

Es ist nicht zu verstehen, dass die Politik, die sich in parlamentarischen Debatten weitaus geringeren Themen widmet, sich nicht längst auch mit der Kindesentwicklung und dem Kindeswohl auseinandergesetzt hat. » (Michèle Gantenbein „Krise beim Namen nennen“ L.W. 09.03.2020).

Schonn am Joer 2001, stong an engem Lieserbréif* :« Je pense que l’un des plus beaux cadeaux que la femme ait reçus, c’est justement le fait de pouvoir être mère. S’occuper de ses enfants, se donnant comme but de bien les élever est loin d’être une tâche ennuyeuse. Au contraire, elle est une tâche noble et belle qui nous gratifie d’un nombre incroyable de sastisfactions. …

Gardons-nous de faire de la femme un „homme manqué“. Complémentaire à l’homme, je pense qu’une femme a bien le droit d’être femme … avec ses gestes popres à elle, sa manière de penser et de sentir propre à elle! »

Mann a Fra sinn d’selwecht Wäert – si completéieren sech dach. Firwat wëlle mer dat haut net méi gesinn? Wat eng traureg Welt, wa mer all d’selwecht denken, all d’selwecht sinn. Ass et net grad dat Schéint, dass mer eis ergänzen?

Isabelle Schmit-Mines

09.03.2020

*« Réflexions autour de la Journée Internationale des femmes », Isabelle Schmit-Mines (Luxemburger Wort, 10.03.2001)

Liest och an dësem Kontext:

Offene Bréif un eis aktuell Regierung“ vum Marie-Andrée Faber

A propos: Manner Staat: e puer Reflexiounen vum Michel A. Mathias

Update Liebe vum Tom Kraus: Mécht d’Emanzipatioun frou? http://www.famill.lu/?p=226

D’Fraen: vun enger Ofhängegkeet an di aner: Méi Elteren, manner Staat

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *