Ech sinn e Mënsch !

Am Laf vu sengem Liewe freet jidderee sech, mol méi, mol manner heefeg, wou e grad steet, a wat en fir sech am Liewen (prioritär) wëll.

Als Fra fannen ech déi Fro hautesdags awer ganz besonnesch haart. Et huet een nach méi wéi just d’Carrières-Fro am Kapp, an zwar zousätzlech déi vun de Kanner. Bis dato sinn et eben ëmmer nach d’Fraen déi d’Kanner kréien, an eventuell stëllen, dodrun huet sech (zum Gléck) näischt geännert.

Esou koum et bei mir als Fra och iergendwann, dass d’Kannerfro opkoum.

Schaffe goen, jo, awer net méi Vollzäit. Dat stoung fir mech scho virun der Gebuert vum Kand fest. Mir haten déi grouss Chance, eis keng riseg Schold opgelueden ze hunn, a finanziell war et demno keng gréisser Hürd, mir woussten wéi mer moderat liewe kéinten.

Alt nees emol, sinn ech den Ament konfrontéiert mat der Roll vun der Fra. Et ass eng permanent Reflexioun, vu sech selwer ewéi och vu baussen. Matspiller sinn, de Partner (natierlech !), d’Famill, d’Aarbechtsplaz, d’Betreiungsméiglechkeeten an di finanziell Situatioun. Bei eis op alle Fall emol.

Als Fra ass de Schrëtt an d’Familjevergréisserung net einfach, et ass een stänneg hin an hir gerappt a mat villen Onsécherheeten konfrontéiert. Do wou de Wee fréier ganz kloer war : Schoul, Bestueden, Kanner kréien, de Stoot doheem féieren… leeft et haut ganz anescht.

Hannert allem ass e grousst Fragezeechen, an gehäit di gewinnte Routine am Liewen op d’Kopp.

Elo si mer als Fra op engem Punkt ukomm, wou mer vill méi Rechter a Fräiheeten hunn wéi demols eis Mammen. Mir kënne virun allem entscheeden, ob mer eis der Famill oder dem Beruff widmen! Oder awer béides, virausgesat d’Méiglechkeete bestinn.

Hautesdags gi mer als Fra encouragéiert, schaffen ze goen an op kee Fall den Uschloss ze verléieren. Net ze vill an net ze laang auszefalen, wa mer Kanner kréien, a wa méiglech Vollzäit zeréck an de Beruff ze goen. Mir ginn dodran ënnerstëtzt, andeems eis Kanner a Crèchen betreit ginn, demno wéi fir wéineg Geld. Ënnert dem Stréch bräicht ee sech demno als Fra keng Gedanke méi ze maachen. Dat denken di meescht op alle Fall.

An an der Bequeemlechkeet vum « net a Fro stellen » vun dëser Offer, läit schon di béis, onbequem Wourecht. An eist Gewëssen mellt sech zu Wuert :

Wat ass, wann ech meng Kanner méi wéi just de Weekend wëll gesinn, méi wéi just all Owend fir se doudmidd an d’Bett ze bréngen ? Wat ass, wann et hinnen an der Crèche net gefällt, et einfach ze vill fir si ass ?

Wat ass, wa mäi Patron mir net erlabt berufflech zeréckzetrieden, an ech muss ganz schaffe goen, a meng Kanner net genuch gesinn ? Oder wa mäi Partner genee sou vill schaffe muss wéi ech, an d’Kanner an der Crèche/Maison Relais grouss ginn ? Kann ech hinnen dann iwwerhaapt nach genuch vun eisem Familljeliewe mat op de Wee ginn ??

Wat mécht dat mat menge Kanner, wa se weder hir Mamm, nach hire Papp de laangen Dag net ze gesi kréien ? Wa se sech net zeréck zéie kënnen, a wa se nach sou kleng, sou heefeg krank sinn?

Wien sinn ech als Fra ?

Hin an hir gerappt tëschent Erwaardungen vu baussen, am Beruff mussen « meng Fra stoen », eng gutt Erzéiung de Kanner ze ginn, e gutt Haus der Famill ze bidden, mä wou bleiwen ech selwer tëschent dësen Zeilen ?!

Ech schaffen, a souguer gären, awer ebe just en Deel vum Dag, well deen aneren Deel vum Dag sinn ech mat ganzem Häerze bei menge Kanner, an dat net just Owes !!

Ech schaffe mat vollem Asaz, a maachen och emol gären eppes doheem fäerdeg, wann d’Kanner am Bett leien – mä wa meng Kanner krank sinn, well ech och gäre mat rouegem Gewëssen no hinne kucken.

Op mech ass verlooss, mä wann emol en Akzident a Stau op der Strooss ass, da wëll ech kee Stress hunn, well ech mech rechtfäerdege muss, firwat ech 5 oder 20 Minutten ze spéit koum.

Och a menger Fräizäit denken ech u meng Aarbecht, an da wëll ech op menger Aarbecht och u meng Kanner denken dierfen !

Mir liewe bewosst, gesond a nohalteg, an ech si net domat averstanen, mech zerappen ze loossen, just well ech vu mengem Liewe méi wéi just Carrière erwaart hunn !

Ech sinn och net domat averstanen, dass politesch Mesüren just dofir getraff ginn, déi mech finanziell entlaaschten wann ech meng Kanner ofginn, fir dass ech soll schaffe goen. Ech hu meng Kanner gewollt, an ech well se net ofginn ! Mir wëllen zesummen d’Welt erliewen, an eist Liewen gemeinsam opbauen, mateneen net niewenteneen.

Ech hoffen, dass ech op mengem Stierfbett kann zeréck kucken op lauter schéin, gemeinsam Zäiten, zesumme mat menger Famill, ouni ze bereien, op wat mer alles verzicht hunn, fir di schéin Zäit déi ech als Fra, zesumme mat engem wonnerbare Mann, an eise wonnerbare Kanner hunn dierfen erliewen.

Och wa kee mech gesäit, ech sinn eng ganz Fra, vu ganzem Häerzen eng Mamm, an e wäertvolle Mënsch !

Simone

28.01.2020

Une pensée sur “Ech sinn e Mënsch !”

  1. „Die Emanzipation der Frau ist nur dann zukunftsfähig, wenn sie nicht auf Kosten der Mütterlichkeit geht, sondern wenn sie diese mit einbezieht. Musttersein muss gesellschaflich mindestens genauso anerkannt werden wie jede andere gesellschaftliche Arbeit.“ (Hanne K. Götze: „Kinder brauchen Mütter“; Ares Verlag)

Répondre à Isabelle Annuler la réponse

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *