Wien héiert dann d’Kanner?

Et geet un d’Substanz

Wat een op ville Stroossen, hei am Land, gesäit, ass Dag fir Dag dat selwecht Bild: een Auto un deem aneren, Stau an nach emol Stau. An et gesäit esou ass, dass dat sech nach weider developpéiert. Bis wéini? Bis de ganze Kollaps?

Et geet un d’Substanz, wann een dat muss all Dag – 2 Mol – matmaachen.

Net nëmmen, dass ee selwer fënnt, et géif een seng Zäit verléieren, mä dat deet wéi, ze wëssen, dass een als Mamm, als Papp, schonn erëm ze spéit an der Crèche, an der Maison Relais ukënnt, fir säi Kand/seng Kanner ofzehuelen.

Schlëmmer ass dat ganzt nach, wann een sech seet, dass déi Situatioun, net onbedéngt misst sinn. Well et nach Mammen, Pappe ginn, déi sech léiwer ëm d’Kand, ëm d’Kanner géifen doheem këmmeren.

Net mi zäitgeméiss? Villäicht, mee dat wëll awer net heeschen, dass jiddereen esou muss liewen wéi dat elo ugesot ass.

An dat ass de sprangende Punkt. Firwat sinn eigentlech, eng Mamm, e Papp, mannerwäerteg, wann se sech eng Auszäit wéilten huelen, an de Kanner, dee ganze Stress gären géifen erspueren?

Dann héiert een sou Slogans, wéi „Méi Zäit fir d’Famill“ (!!!) oder „Mir setzen op Sachleeschtungen“ (wat huet e Kand dann dovunner?).

Ass et wierklech um Staat, ze decidéieren, wéi eng Famill hiert Liewen z’organiséieren huet?

Ass et wierklech um Staat ze decidéieren, wat gutt ass fir d’Kanner, fir d’Elteren?

Wéi vill Elteren leiden drënner, dass se hir kleng Kanner mussen an friem Hänn musse ginn a wéi gouss ass hiert Leed, wann se all Dag ewell, esou spéit heem kommen, dass et nach just Zäit ass, fir séier eppes klenges z’iessen a séier, d’Kanner an d’Bett ze leeën.

All Elteren hunn eng grouss Responsabilitéit ze droen an et fält op si zeréck, wann eppes schief leeft. Mee fir responsabel ze sinn, muss een selwer kënnen, di wichteg Decisiounen huelen! Wéi huet een nach de Choix, wann d’Wunnen hei am Land esou deier ass, dass ee kee Choix huet? Wat liese mer ewell all Dag, dass ëmmer méi Mënschen, an d’Ausland wunne ginn, well et hei net méi tragbar ass?

Et wär manner Verkéier, manner Stress op eise Stroossen, wann d’Elterenaarbecht géif unerkannt ginn, wann den Télétravail, den „travail à domicile“ méi ausgebaut géife ginn. Stress mécht krank, Dauerstress mécht d’Mënschen, physesch a psychesch krank.

Eine Untersuchung der AOK ergab sogar, dass manche Kinder seelisch und körperlich erkranken, wenn die Eltern zeitlich stark belastet, also gestresst sind. Bei einem Viertel dieser Kinder fanden sich Symptome, während Kinder mit entspannten Eltern kaum gesundheitliche Probleme hatten“. (Aus dem Buch: « Vater, Mutter Staat«  vum Rainer Stadler).

Mir wëssen och, dass an e puer Joer, verschidde Beruffer ewechfalen: mat wéi vill Ängschten a Nervositéit hunn dann d’Elteren ze kämpfen, wann se am Dauerstress sinn, hir Aarbecht ze verléieren?

Wär et net un der Zäit, sech nei Weeër auszedenken, fir dass nach mar, d’Kanner, Gebuergenheet an Harmonie kënne spieren?

Mir waarden drop, dass endlech eng Regierung den Elteren de Choix léisst, selwer z’entscheeden, wou se hir Kanner wëllen betreit hunn an déi unerkennt, déi sech gären ëm d’Kanner këmmeren.

Isabelle Schmit-Mines

22.01.2020

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *