Dir sidd net krank“

Wann de Puppelchen, op deen se esou laang gewaart hunn, endlech do ass, ass eng Mamm, ass e Papp, iwwerwältegt vu Gléck, vu Freed, vu Stolz. Et ass e Gefill, wat een nach ni kannt huet a wat een am léifste géif mat der ganzer Welt deelen.

Mä – an duerno? Wéisou hält dat Gléck net un? Wéisou kann et esou wäit kommen, dass eng Mamm, déi dat klengt Wiesen ëmmer nees gekuckt a gedréckt huet, bemol, sech eleng spiert, bemol suguer bal depressiv gëtt, sech bemol selwer net méi versteet, sech selwer net méi erëmerkennt? Trauer, Scholdgefiller, no deem groussen Erliefnis? Wéisou?

Et sinn ambivalent Gefiller: op där enger Säit de Puppelchen, mat deem se esou frou ass, a fir deen se och, souzesoen, Dag an Nuecht do ass – an op där anerer Säit: „an ech, wou sinn ech dann“?

Di amerikanesch Psychiaterin, Dr Alexandra Sacks, huet vill Mammen kenne geléiert, déi verzweifelt waren, well se Angscht haten hirem Bebé net genuch ze ginn. D’Dr Sacks huet et dunn esou definéiert: Mamm ginn ass eigentlech dat selwecht wéi an d’Pubertéit kommen: si nennt et « matrescence » bal wéi « adolescence ».

An der Adolescence huet de jonke Mënsch jo och Gefiller, déi en bis elo nach net kannt huet, Gefiller, déi en net ka richteg definéieren. D’Gefiller schwanken tëschent der Freed, „grouss“ ze ginn an awer di Onsécherheet, wéi d’Liewen dann elo weider geet. Di Onsécherheet, di Angscht, sech net méi erëm ze erkennen, net wëssen wéi ee reagéiere soll, ass ganz present. A keen huet de jonke Mënsch drop virbereet.

Sou ass et och, wann ee Mamm gëtt: di kontradiktoresch Gefiller, tëschent dem grousse Gléck, Mamm ze sinn an di Onsécherheet, dass näischt méi sou ass wéi virdrun. A ni huet e Mënsch dovunner geschwat.

Jo, well eng Mamm – sou frou se ass mat hirem Puppelchen – weess jo och, bei sech bannendran, dass se net nëmmen Mamm ass. Si ass Partnerien, si huet Frënn, si huet eventuell e Beruff. Jo, an si huet och emol de Besoin, sech zeréckzezéien, an eleng a roueg ze sinn, fir ze liesen oder a Rou eng Aarbecht ze maachen.

Di meeschte Mammen trauen sech awer net, dat ze soen an bleiwen mat hirer Ambivalenz eleng.

D’Dr Sacks seet et awer ganz däitlech: „Genéiert Iech net, Dir sidd net krank oder anormal, dat huet och näischt domadden ze dinn, dass Der net frou sidd, mat Ärem Bebé. Dir hutt jo nach Talenter, déi wëllen eraus, dat ass keng Schan. Mä schwätzt driwwer, bleift net eleng mat Ärer Ongewëssheet, dat verschlëmmert d’Saach nach just“.

Eis Kultur muss verstoen, dass et, fir eng Frau, e grousse Changement ass, wann se Mamm gëtt. Et ass eng Transitiounsphas tëschent deem, wéi se virdru war, a wéi se elo soll mat der Maternitéit eens ginn. Selwer versteet si et kaum, wéi sollen di Mënschen ronderëm et da verstoen? An duerfir invitéiert d’Dr Sacks, iwwer d’Matrescence ze schwätzen – dann ass et keen Tabuthema méi. Dann ass e Schrack gemaach fir d’Mammen besser an hirer Ambivalenz ze verstoen.

« Quand vous préservez une partie distincte de votre identité, vous laissez de la place à votre enfant pour qu’il développe la sienne. » (Source: „TED“: A new way to think about the transition to motherhood; mai 2018)

Isabelle Schmit-Mines

13.01.2020

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *