Onméiglech Situatioun

20 Stonne gratis, pro Woch, pro Kand (vun 1 bis 4 Joer), hunn d’Elteren zegutt, wann se hir Kanner enger Friembetreiung uvertrauen.

Dat gëllt awer nëmmen fir Crèche a Maison-relais: d’Dageselteren sinn vun dem Programm ausgeschloss.

Wat sin d’Konsequenzen? D’Dageselteren kënnen do net mathalen a ganz vill vun hinnen hu mussen ophale mat schaffen.

Et ass eng ondrobar Situatioun, wou et eigentlech kee Gewënner gëtt!

Ondrobar fir d’Dageselteren, well se elo mat eidelen Hänn do stinn.

Ondrobar fir déi Kanner, déi an enger grousser Struktur ënnerginn, déi eng grouss Struktur psychesch net verdroen.

Ondrobar fir d’Elteren, déi di Situatioun mussen nokucken a keng Alternative hunn.

Ondrobar fir d’Elteren déi onregelmässeg schaffen.

Ondrobar fir d’Elteren, déi an den Dageselteren och eng Hëllef gesinn, wann et ëm d’Hausaufgabe geet.

Mir héieren jo ëmmer nees nei Temoignagen, wéi et neierdéngs an de Schoulen ausgesäit: et gëtt ewell fir d’Enseignants, esou problematesch, fir Schoul ze halen.

Immer mehr Kinder weisen Defizite und nicht altersadäquate Auffälligkeiten auf, weil sie nicht „gut“ aufwachsen. Doch die Politik verschließt die Augen vor dieser Entwicklung.“ (Michèle Gantenbein, „Der Elefant im Raum“, L.W. 11.11.2019)

Dat ass di dramatesch Situatioun hei am Land: an et gëtt keng Wierder, fir ze soen, wat dat fir vill Familljen bedeit.

Wéi lieft een den Alldag mat opgedréinte, nervöse Kanner, déi net dat kréien wat se brauchen? D’Dageselteren wär eng gutt Alternativ, wann d’Elteren musse schaffen. Traureg, wann eng Regierung sou wéineg Interessi weist.

Dobaï ass et nees eng Kontradiktioun: vun Ufank un hat d’Regierung alles an d’Wee geluecht, dass d’Frae solle schaffe goen, mam Argument, fir net ze riskéieren, spéiderhin mat eidelen Hänn do ze stoen. Si huet alles an d’Wee geluecht fir dass et de Mammen elo, praktesch net méi méiglech ass, hir Kanner selwer ze erzéien an se esou, op den Aarbechtsmarché ze kréien. D’Elteren hunn dann oft keen anere Choix, wéi, schwéieren Häerzens, hire Bebé, hiert klengt Kand, a friem Hänn ze ginn.

Et ass dann eng Erliichterung, wann se wëssen, dass an hirer Géigend, eng Dagesmamm ass, wou hir kleng Kanner, an enger familiärer, méi roueger Atmosphäre a méi individuell kënne betreit ginn. Eng Atmosphäre, wou ëmmer di selwecht Persoun sech ëm si këmmert, mat hinne schwätzt, si tréischt a wou se net mussen an enger grousser Grupp sinn, wann se dat, z.B., einfach net géifen verkraften. Mee, dat alles gëtt futti gemaach: nëmmen grouss Strukturen ginn subventionéiert.

An do kënnt dann di Kontradiktioun: mir hunn dann elo Dagesmammen, déi gäre schaffen, déi hir Berufung zum Beruff gemaach hunn, déi jo eigentlech, an d’Konzept vun der Regierung passen: si schaffe jo, si sinn ugemellt, bezuelen hir Cotsatiounen a Steieren, si droen Verantwortung, si maachen Formatiounen, asw… Mä, elo kënnen se net méi mathalen a ganz vill vun hinnen waren um Existenzminimum ukomm, sou dass se hu mussen ophale mat schaffen.

Da kommen sou Phrasen wéi: „Bei eis steet d’Kand am Mëttelpunkt“… Wann d’Kand am Mëttelpunkt wär, géifen all d’Méiglechkeeten méiglech sinn, déi d’Kanner frou an zefridde maachen. Well, wat mat klenge Kanner geschitt, hëllt een ni méi ewech. Frustratioun aart oft an Aggressioun aus, Frustratioun aart oft an Depressioun aus. Ass da nach en Zesummeliewen an enger Gesellschaft méiglech?

Ass de Staat sech senger Verantwortung bewosst, wann e Gesetzer stëmmt, déi d’Kand net an sengem Wiesen respektéiert? Ass en sech bewosst, dass et ëm all eenzelt Kand geet? Ëm hir Zukunft? Ëm eis Zukunft? D’Zukunft wäert et weisen…

Isabelle Schmit-Mines

17.12.2019

————————————————————————————————————————————————————————————————–

Stella Falkenberg an Guy Hengel:

Si kämpfen weider fir d’Dageselteren, fir d’Kanner, fir d’Elteren: firwat?

Une pensée sur “Onméiglech Situatioun”

  1. Fannen dat ganz schlëmm, d’Kanner di mer Leed,d’M/Ren platzen aus alle Néit, de Kaméidi ass onerträglech, souwuel fir d’Kanner, wéi och fir d’Personal. Dageselteren ass di besser Léisung fir d’Kanner, definitiv… ech sinn entsaat, dat geet schief aus..

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *