All Erzéiungsaarbecht muss ënnerstëtzt ginn!

.et geet ëm d’Kanner, et geet ëm eis Zukunft

Iwwer d’Kanner, iwwer d’Elteren ewech, gëtt vun uewen erof decidéiert, wou d’Kanner sollen betreit ginn. Säit mir eis Siten gegrënnt hunn, hu mer ëmmer drop gepocht, d’Regierung soll den Elteren de Choix loossen. Di eng Kanner entwéckelen sech gutt an enger Friembetreiung, di aner net. An wat fir dat eent Kand fërderlech ass, ass et net onbedéngt fir dat anert. Neen, de Choix ass oft net méi méiglech an eisem deiere Lëtzebuerg, wou d’Elteren esou wéineg ënnerstëtzt ginn.

De Choix ass emol praktesch net méi ginn, wann e Kand bei enger Dagesmamm soll betreit ginn. Eben, mat deem Argument vun der Méisproochegkeet, hunn jo d’Kanner vun 1 bis 4 Joer, 20 Stonnen/Woch, Crèche oder Maison-Relais, gratis zegutt – awer net bei den Dageselteren.*

Wann d’Elteren mierken, dass hiert Kand op enger Plaz net frou ass, suguer onglécklech ass, mussen se kënnen, eng aner Struktur fannen, déi méi dem Kand sengem Wiesen entsprécht. E Kand gëtt net méi roueg, net méi intelligent, net méi kreativ wann et zu eppes gedrängt gëtt, wat et net verdréit. Wéi eng Verantwortung hëllt de Staat fir d’Zukunft, wann en e Modell imposéiert, deen a ville Fäll, méi Leed wéi Freed bréngt?

Op wat loosse mer eis do an? Eréischt an e puer Joer gesi mer, wat d’Resultat vun dem Experiment ass. Well, et ass en Experiment. An e puer Joer, wann di Kanner vun haut, selwer hiert Liewen an der Hand hunn, selwer eng Famill grënnen. Wéi ginn se dann eens am Alldag? Wat léieren se hire Kanner? Wéi ginn se mat hiren eegenen Elteren ëm, wann se keng richteg Bindung mat hinnen haten, well se se net oft gesinn hunn, als Kand.

Also, alles dat, wat mer Dag fir Dag virgesot kréien, muss net zu 100% wouer sinn. An, et gëtt Zäit, dass d’Elteren nees däerfen, op hiert Häerz lauschteren.

Den Jesper Juul seet et ganz däitlech: « Kinder sind alle ganz verschieden und ihre Familien sind es auch. Deswegen sollten Eltern die freie Wahl haben, wenn es um die Entscheidung geht, was für ihre Null- bis Dreijährigen Kinder das Beste ist. Dafür müssen sie kämpfen. » (Jesper Juul, aus sengem Buch: « Wem gehören unsere Kinder?«  (Beltz Verlag)

Isabelle Schmit-Mines

03.12.2019

*Liest do eisen Artikel: „Dageselteren – si kämpfen weider fir d’Kanner, fir d’Elteren“


Agenda

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *