D’Recht op Léift, Recht op Zäit

D’Rechter vun de Kanner???

Viru genee 30 Joer, ass d’Conventioun fir d’Rechter vun de Kanner ënnerschriwwe ginn.

Dass e Kand e Recht huet op e Numm, op eng Nationalitéit, op Soine fir seng Gesondheet, op Bildung, virun Gewalt protegéiert ze ginn, net däerfen virun engem gewëssenen Alter schaffe goen, asw.: dat gouf ëmgesat.

Mä, wéi villes ass net ëmgesat ginn?

« Pour garantir et promouvoir les droits énoncés dans la présente Convention, les Etats parties accordent l’aide appropriée aux parents et aux représentants légaux de l’enfant dans l’exercice de la responsabilité qui leur incombe d’élever l’enfant. »

Kann een nach vun « l’aide appropriée » schwätzen, wann d’allocation d’éducation ewechfällt, wann d’Allocatiounen reduzéiert ginn, sou dass d’Elteren obligéiert sinn, full-time ze schaffen? Kann een nach vun « l’aide appropriée » schwätzen, wann de Staat, déi Elteren, finanziell diskriminéiert, déi net wëllen hir Kanner a friem Hänn ginn? Wou ass « l’aide appropriée » wann d’Elteren net wëssen wéini se heem kommen, well se alt nees am Stau stinn?

Et heescht awer  :« Les Etats parties veillent à ce que l’enfant ne soit pas séparé de ses parents contre leur gré…» : Fir iwwerhaapt kënnen z’iwwerliewen, en Dach iwwer dem Kapp ze hunn, kënnen vill Elteren sech et emol net méi leeschten bei hire Kanner ze bleiwen.

Mëttlerweil wësse mer, dass et vill Schwieregkeeten an de Schoulen gëtt, vill Aggressivitéit, Mobbing, keng Konzentratioun, asw.

Wat ass dann aus de Kanner geschitt? Wat huet gemaach, dass vill vun hinnen esou gi sinn? De Wee, deen d’Politik fir d’Kanner ageschloen huet an op deen se esou stolz ass, ass dat dee richtege Wee? De Psychologen, de Psychiatren ass net nogelauschtert ginn.

Wann ee kuckt wéi iwwer d’Kanner ewech decidéiert gëtt, seet een sech, dass alles aus der Siicht vun den Erwuessener geschitt. Sou wéi d’Gesetzer gemaach ginn, huet een den Androck, dass keen sech an d’Haut vun de Kanner versetzt. Hir Middegkeet, hir Nervositéit, di Contrainten, denen se sech schonn a klengen Joeren mussen fügen – ass dann een do, deen sech virstellt, wéi e Kand sech spiert?

Mir setzen op Sachleeschtungen“ héiert een oft vun der Regierung aus. Wat huet dann e Kand vu Sachleeschtungen, wann et seng Elteren brauch?

Sou sot et den Gilbert Pregno, Psycholog: „Haut hu mer esou vill Kanner, déi emotionell erhéngert sinn“.*

D’« Convention internationale des droits de l’enfant », ënnersträicht, dass d’Elteren, fir hir Kanner responsabel sinn an dass an allen Decisiounen, nom « intérêt supérieur de l’enfant » muss gehandelt ginn. Dat ass en ElterenRecht! Mee, et huet een d’Impressioun dass d’Elteren lues a lues dat Recht ewechgeholl kréien.

Wat haut promovéiert gëtt, ass net ëmmer am « intérêt supérieur de l’enfant », besonnesch wann d’Elteren ausserhalb vun hirem Heem schaffen: si sinn einfach net genuch do!

Dat gëllt fir Puppelcher, dat gëllt fir ganz kleng Kanner. Dat gëllt awer och fir d’Schoulkanner. Owes, no engem laangen Dag, nach Hausaufgaben maachen! Keen Erwuessenen, wär frou mat esou engem Pensum. An d’Elteren, midd no engem Dag schaffen, kënnen séier d’Gedold verléieren, fir de Kanner nach z’erklären, wat se net verstanen hunn. An esou schleeft d’Kand dann eng Laascht mat sech ronderëm, wou et dann nach ëmmer méi d’Flemm kritt, an den Echec net wäit ewech ass.

Gitt de Kanner d’Elteren zeréck“ froe mer ëmmer an ëmmer. Dass d’Elteren net méi obligéiert sinn, de ganzen Dag fort ze sinn vun hire Kanner.

Et ass net nëmmen, d’Pflicht vun den Elteren, dass hir Kanner sech gutt entwéckelen. Et ass och d’Pflicht vun enger Regierung, d’Elteren an hirer Pflicht z’ënnerstëtzen, sou wéi dat an der Conventioun steet. Elo, wou mer wëssen, dass bei ville Kanner eppes schief leeft, misst dach endlech Alarm geschloe ginn, an un der Basis geschafft ginn. Et ass eng Contradictioun, dass d’Elteren gesot kréien, si sollen méi Zäit fir hir Kanner hunn an si kréien et awer ëmmer méi schwéier gemaach.

Den Elteren de Choix loossen, dass ee vun den Elteren, doheem ka bleiwen, wann en dat wëll, an dass dës Aarbecht och als Aarbecht unerkannt gëtt. Oder, d’Aarbechtszäiten reduzéieren, mi-temps, temps partiel promovéieren, Téléaarbecht. Konkret, an net nëmmen an der Theorie, Iddien en route setzen, dass endlech d’Elteren nees méi Zäit hunn fir hir Kanner.

Well Zäit hunn ass e wesentleche Facteur fir d’Kanner.

Isabelle Schmit-Mines

19.11.2019

* Radio 100,7, 21. September 2018

Liest och:

Der Elefant im Raum vum Michèle Gantenbein

Wat ass da fir d’Elteren virgesinn?

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *