Famill.lu an Méi Elteren, manner Staat. Wien si mer?

Lieser, déi eis eréischt méi spéit kennegeléiert hunn, froen eis oft: „Wien sidd der? Firwat maacht der dat alles?“

Sou wollte mer iech e klenge Feedback ginn, iwwer eisen Engagement, iwwer dat wat an deene leschte Joeren geschitt ass.

Eis Plateformen hunn ugefaangen wéi d’Regierung „Gamba 1“ ugekënnecht hat, d’Fraen solle schaffe goen, och wann se Kanner hunn.

Si huet annocéiert, d’Allocation de maternité an d’allocation d’éducation géifen ewechfalen.

Zu e puer Elteren hu mer dunn eis Plateformen gegrënnt, well mer dat net einfach konnten esou acceptéieren.

Geschriwwen hu mer, vill Äentwerte krute mer, vun Elteren, vun Educatricen, vun Léierinnen, vu Schoulmeeschteren: alleguerten hunn se drop higeweisen, dass vill Kanner ze fréi vun hirer Mamm, hirem Papp géifen getrennt ginn, dass net all Kand gemaach wär fir eng Friembetreiung, dass an de Crèchen, keng Zäit wär, fir sech genuch ëm all eenzelt Kand ze këmmeren, dass vill Kanner iwwerfuerdert wären. Kleng Kanner, déi vill hin an hir gerappt ginn kënnen net di Bindung opbauen, déi se brauchen fir sech gesond ze entwéckelen, fir Vertrauen opzebauen, fir dat Fundament opzebauen, dat se brauchen fir am Liewen staark ze sinn.

Mir haten Entrevuen mat der Familljeministesch a mam Educatiounsminister, mir hu gefrot, den Elteren de Choix ze loossen, all Elteren an hirer Elterenschaft z’ënnerstëtzen… mä hire Programm ass weidergaangen…

Elteren hunn sech gemellt, Mammen, Pappen, déi hiren Temoignage ginn. Mammen, Pappen, déi frou sinn, endlech Plateformen fonnt ze hunn, wou se sech kënnen ausdrécken, wou se sech net eleng fillen. Och Mammen mellen sech, déi däerfe soen, dass se gären bei hire Kanner sinn, och wann dat haut almoudesch kléngt.

Eis geet et net drëms, nëmmen engem Modell d’Präferenz ze ginn, mä fir d’wuel vun eise Kanner a fir d’Wuel vun den Elteren, soll all Modell acceptéiert an adäquat ënnerstëtzt ginn.

Et geet eis drëms, d’Besoine vun de Kanner ze respektéieren, an do gehéiert et dozou säi Rhythmus ze respektéieren. Dat feelt nämlech oft an all den Diskussiounen an et wär vill manner Sträit, vill manner Stress, wann deem géif Rechnung gedroe ginn.

Et geet net duer di Slogans ze widderhuelen, „Besser Chancen“, „di selwecht Chancen fir all Kand“, „Fréifërderung“ „staark Kanner“ oder „Bei eis steet d’Kand am Mëttelpunkt“, wa mer eis net emol seriéis Gedanke maachen, wéi e Kand dann soll opwuessen a wat alles dozou gehéiert.

Dat sinn déi Gedanken, déi mer elo an an Zukunft ëmmer nees wëllen vu Neiem uschwätzen, an eis nach mat Gebitter auserneensetzen, wéi z.B., d’Schoul, d’Bildung, asw.

Är Temoignagen, Commentairen, Är Meenung sinn duerfir enorm wichteg.

Mir wënschen, dass mer eng Regierung kréien, déi sech wierklech och dat Bescht fir d’Kand zu Häerz hëlt.

Isabelle Schmit-Mines

19.11.2019

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *