Selwer entdecken, fräi sinn

CaRabA: de Commentaire vum Raquel (1)

Entspaante Kanner:  Esou stellen ech mer nämlech glécklech an entspaante Kanner vir, am Aklang mat sech selwer, well se fräi sinn sech dat Wëssen unzeeegenen dat se dee Moment bräuchen a weiderbréngt. 

Jiddereen weess nämlech am Beschten wéini de richtegen Zäitpunkt ass eppes Bestëmmtenes ze léieren. Sou wi jiddereen eben vu sech äus geléiert huet z.Bsp. goen a schwätzen, ouni Zwang, no sengem  Rhythmus, no senge Besoinën. 

Dofir ass Homeschooling och net di richteg Approche a mengen An, well et soll jo net drëms goen de Programm vun der Schoul trotzdeem duerchzegoen, just dann eben doheem. Jo doheem sëtzt een dann guer nët esou laang derbäi, wat jo schonn déck positiv ass. Vill Elteren maachen am Fong näischt aneschtes wi Homeschooling, just mat Stress a mam groussen Ënnerscheed, dass d‘Kanner nach dobäi trotzdeem stonnelaang roueg an der Schoul sëtzen mussen! De Programm ass nämlech esou vaste, dass d‘Schoulstonnen net duer ginn! An et ass leider just Quantitéit keng Qualitéit! 

Ech ginn lo net weider op dee Punkt hei an, well dat erëm esou e vast Thema ass. Hei trotzdeem e puer Beispiller:

Ech ka mech net erënneren, Lëtzebuergesch a Portugisesch geléiert ze hunn andeems ech Säiten a Säiten Vokabelen (a wat fir eng!) a Grammaire (oft sou komplizéiert!) gebéchst hunn…

Ass et wichteg Trilliarden rechnen ze kënnen oder wochelaang Dräiecker ze studéieren?…

Däerfen d‘Kanner an der Schoul kritesch denken an analyséieren an sech dozou äusseren oder gesäit d‘Realitéit éischter esou aus, dass si e virgeknaten Programm ouni ze hannerfroen, erëmgi mussen?…

Gedanken iwwer Homeschooling: Fir op den Homeschooling zeréckzekommen, ass et jo esou, dass een och rëm net ganz fräi ass deem nozegoen wat ee selwer fir richteg fënnt, mä et gët een erëm gezwongen eppes ze léieren wat een Aneren fir richteg hält. Sou bleift d’Kreativitéit awer op der Streck, well een dann op eng Manéier „virprogramméiert“ gëtt. Do ass alt erëm net di néideg Plaz fir d’Vertrauen an di eege Fähegkeeten. Ass natierlech schonn immens positiv an gutt dass mer hei zu Lëtzebuerg di Méiglechkeet hunn an d‘Kanner do vill méi fräi sinn wi an der Schoul. Mä et geet net wäit genuch, well e Programm, deen een doheem duerchgoe muss an och nach kontrolléiert gëtt, ass net richteg. Am Film ass och dofir guer keng Rieds iwwert ierjend welchen Programm.

Ech muss hei präziséieren, dass d‘Associatioun ALLI, den Homeschooling net an deem Sënn wi hei beschriwwen, vertrëtt, och wann et oft sou praktizéiert gëtt, mä vill méi ënnerstëtzt a verteidegt d’ALLI, d’Recht op Bildung sou wéi dat an der Konventioun vun de Menscherechter virgesinn ass, eben dass et e Grondrecht ass sech fräi ze entfalen. De Film CaRabA weist eis wi et geet…

E Kand wëll nämlech vu sech aus eppes léieren an interesséiert sech och fir Villes, dat gesäit een och gutt am Film. D’Kanner kommen selwer drop, dass liesen, rechnen a schreiwen an hirem Liewen wichteg ass an dann léieren s‘et och, well se de Sënn doranner gesinn.

Di ganz Ofhängegkeet vu Computerspiller, Fernseh an deen M‘en-Foutisme, kënnt dat dann net och dovun dass d‘Kanner einfach nëmmen an eng Form gepresst ginn, si sech upasse mussen, hir eegen Talenter verkannt bleiwen an sou net wëssen wee se sinn a wat se wëllen, an se sech dann eben sou duerch den Dag schleefen? Wann d’Kanner maache kéinten wat si interesséiert, dann wieren se mat voller Begeeschterung dobäi a bräichten keng onnéideg a sënnlos Oflenkung, well si sech wuel géinge spieren an hirer Haut.  

Fir mech ass et kloer, dass wann d‘Kanner wi se kleng waren esou vill selwer geléiert hunn ouni Drock a Schoul, firwat soll dat beemol anescht sinn, wann se e bestëmmtenen Alter ereecht hunn? Firwat sollen se dann beemol mat 6 Joër net méi selwer eens ginn mat hiren perséinlechen Fähegkeeten? >>


Liest och de Leitartikel vum Michèle Gantenbein: Der Elefant im Raum

(Luxemburger Wort, den 11. November 2019)

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *