CaRabA: de Commentaire vum Raquel:

Ganz interessanten a gudde Film

Ech muss zwar zouginn, dass ech während dem Film gemëschte Gefiller hat, well ech bis bal zum Schluss net wousst an net verstanen hunn wat dat mat Homeschooling ze dinn huet. Ech sinn nämlech dovun ausgaang, dass de Film eng Art Dokumentarfilm wier iwwer Homeschooling, wi verschidden Familljen doheem léieren mat hire Kanner, wi se e bestëmmtenen Programm duerchginn a wéi se sech organiséieren, well d’Kanner jo de ganzen Dag doheem sinn. 

Mä de Film ass ganz anescht opgebaut, éischter philosophesch, eng Zukunftsvisioun wi eng Gesellschaft ouni schouleschen Drock a Programm fonctionnéiere kéint. Ze soen de Film handelt iwwer Homeschooling ass also net di richteg Formuléierung.

De Film: Et ginn 5 verschidden Kanner, Jugendlecher, gewisen, di scheinbar planglos hiren Dag verbréngen ouni richteg ze wëssen wéi et weidergoë soll an hirem Liewen. Di besuergte Gesiichter dann och nach vun verschidden Elteren hu mech irritéiert, well et ass fir mech eriwwer komm wi wann se sech géife Suerge maachen iwwer d‘Zukunft vun hire Kanner an de Film sollt jo awer eppes Positives weisen, an zwar wi flott et ass ouni Schoul. Esou zumindest hunn ech mer et virgestallt. Et huet sech awer dunn och erausgestallt dass et esou ass.

Zimlech zum Schluss also huet de Film mech richteg gepak, well de Message vum Film, sou wi ech e verstan hunn, mech einfach impressionnéiert huet. Et ass grad di scheinbar Planglosegkeet di mech faszinéiert huet, well et muss een am Liewen net ëmmer alles direkt verstoen an de ganze Plang virun An hunn. Wann ee Vertrauen a sech selwer huet a keng Angscht, mécht een instinktiv dat Richtegt, dat wat engem selwer (sengem Wiesen) entsprécht.

Tatsächlech hunn di 5 Haaptpersonnagen sech de ganzen Dag beschäftegt mat deem wat se am Léifsten an am Beschte kënnen ouni sech beaflossen ze loossen a vun hirem richtege Wee ofzekommen. Dat kristalliséiert sech zum Schluss ganz kloër eräus wann den Zuschauer gewuer gët wat fir eng Beruffer di 5 Persounen spéider äusüben. Si sinn di ganzen Zäit hirer Intuitioun nogaangen a woussten genau wat se géifen maachen an hunn hir Bestëmmung nët äus den An verluer. Dat war méiglech, well si sech fräi entfale konnten, well se net an engem Schoulsystem gefaange waren, deen hinnen seet wat se interessant ze fannen hunn a wat se wéini ze léieren an ze wëssen hunn. 

Einfach nëmmen genial! >>


Liest och de Leitartikel vum Michèle Gantenbein: Der Elefant im Raum

(Luxemburger Wort, den 11. November 2019)

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *