« Wéini kënns De Heem? »

Wéini gëtt en Realitéit?: den Télétravail

Stress kann di beschte Relatiounen zerstéieren, Stress zerstéiert eis Gesondheet, Stress entfriemt eis och vun eis selwer, a wann de Stress un engem „frësst“ leid och d’Aarbecht drënner.

All Dag am Stau stoen, net wëssen wéini een ukënnt, d’Impressioun hunn, seng Zäit ze verschwenden – do spiert een sech an engem Hamsterrad, wou ee net méi erauskënnt. A wéi ville Mënschen geet et esou?

Als Elteren ass et net flott, an Opreegung ze sinn, wann een no der Aarbecht, net weess, wéini ee bei senge Kanner ass, wou een dach weess, dass ee gebraucht gëtt.

Eng Iddi, déi scho laang existéirt, déi ville Mënschen d’Liewen géif erliichteren, wär den Télé-travail.

An eiser Zäit, wou d’Digitalisatioun net méi ewechzedenken ass, an eiser Zäit wou esou vill Aarbechten um PC gemaach ginn, kinnt een sech gutt virstellen, dass een sech net méi all Dag, muss op de Wee maachen fir op d’Aarbecht ze fueren.

Ekologie, Klimawandel, Klimaschutz, asw, mir héieren di Wierder bis zum Vergasen, mä firwat ginn net méi konkret Initiativen ënnerstëtzt?

Eng vun den Iddien, wär den Télé-travail: mat e bësschen gudde Wëllen, mat Organisatioun kéint déi Iddi duerchgesat ginn. Mir brauchen da net nach méi Natur ze zerstéieren fir nei Stroossen ze bauen, an et wär méi Rou doheem, méi Rou fir ze schaffen, méi Entspantheet och, fir eis Relatiounen ze pflegen.

Eng Petitioun ass an deem Sënn lancéiert ginn, déi mer voll ënnerstëtzen:

Le télé-travail ? Une méthode écologique pour une transition énergétique douce

vum Jean-Christophe Nardeau

https://www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Petitions/RoleDesPetitions?action=doPetitionDetail&id=1687

Mir mussen eis endlech d’Fro stellen, wat mer eise Kanner wëllen hannerloossen. Eng Welt, wou d’Liewen nach just aus Stress besteet, eng Welt, déi zoubetonéiert gëtt mat Stroossen, Parkplazen, oder, eng Welt wou mer all mat dru schaffen, dass d’Liewen nach liewenswäert ass. An dozou gehéiert d’Erhalen vun der Natur, mat Sécherheet dozou.

Léisungen an Iddien si gefrot – den Télé-travail ass op alle Fall, eng gutt Léisung.

 

Liest och

Am Sënn fir d’Familles monoparentales : Projet de loi concernant le budget des recettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2020

Wou geet et un? A senger Abschiedsried virum Europaparlament, huet de Jean-Claude Juncker, gesot, di gréissten „Leeschtung“ vun der Europäischer Unioun, war, de Fridden, dee mer an Europa konnten haalen. >>

Presentatioun vum Roman vum Jessica Mersch: „LIEWEG – Een Dag nom aneren>>

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *