Wann een et ze wäit komme léisst…

Looss et net ze wäit kommen“, warnen d’Elteren hir Kanner wann se dësen oder dee Problem an engem Schoulfach un.

Looss et net ze wäit kommen“, soe mer engem Mënsch deen sech net wuel spiert, an nach net wëll bei den Dokter goen.

D’Problemer ginn net besser, wann een se schleefe léisst, au contraire, ebemol iwwerromplen se eis.

Dee Phenomen hu mer elo bei de Crèchen an bei de Maison-Relais: wann si eng gutt Saach waren fir déi Mammen z’ënnerstëtzen, déi hu musse schaffe goen, resp. fir dass et keng ‘“Schlësselkanner“ méi solle ginn, ginn déi Strukturen einfach bis „zum Geht nicht mehr“ ausgebaut. D’Temoignagen sinn do, d’Commentairen sinn do, mir wësse genee wat elo lass ass a Strukturen, wou ze vill Kanner beieneen sinn, wou ze vill Kanner friembetreit ginn, déi nach net prett sinn. Kanner, déi en aneren Rythmus hunn, Kanner, déi einfach mol anescht sinn!

De Gilbert Pregno hat op RTL gesot: « Ech hun Problemer mat deem Ausmooss, déi d’Friembetreiung kritt. D’Elteren sinn fir d’Kanner ganz wichteg. Ech fäerten, dass mer an enger Gesellschaft sinn, wou ëmmer manner no de Bedürfnisser vun de Kanner gekuckt gëtt ».

De Moment loosse mer et effektiv ze wäit kommen.

Och den Dr Karl Heinz Brisch, Pediater, huet gewarnt, wéi en virun e puer Joer, hei zu Lëtzebuerg war. „Da kommt eine Lawine auf uns zu“.

Dann ass nach eppes, wat mer einfach laafe loossen: dee permanente Bléck vun de Jonken (net nëmme si) op den Ecran, di Sucht vum Internet: et wär un den Elteren, de Kanner mat Zäit ze soen, wéi d’Struktur vum Gehir changéiert, wéi eng Geforen entstinn, wann d’Kanner ze laang virum Ecran sëtzen, wann se kee Buch, keng Zeitung méi liesen, wann d’Interactioun mat de Mënschen doduerger verluer geet. Mä vill Elteren hunn alt erëm keng Zäit, fir uerdentlech mat hire Kanner ze communiquéieren, fir sech selwer z’informéieren, wann se hir Kanner de ganzen Dag net gesinn. Well d »Fro, déi sech och stellt, an déi eis all eppes ugeet, ass: wéi gesäit, an e puer Joer, di reell Communicatioun aus? Si mer iwwerhaapt nach capabel en Dialog ze féieren, deen anere Mënsch ze verstoen, seng Gefiller ze verstoen, oder op hien eranzegoen? Wéi oft gesi mer Mënschen an der Strooss, déi stur op hiren Display kucken, suguer wann se an engem Groupe sinn. Wéi kann do e “Versteestemech“ entstoen, wann een sech net méi kuckt, net méi vill mateneen schwätzt? Disziplin ass eigentlech vun eis all gefrot, fir net Sklaven vum Internet ze ginn an eis de Geforen bewosst ginn.

Wann eppes ze vill gëtt, wann mer eppes ze laang schleefe loossen, kënnt den Dag vun der béiser Iwwerraschung.

Kënnt et esou wäit dass mer de Kanner net méi meeschter ginn? Dass mer Erwuessener kréien, déi keng Freed hunn, kee Vertrauen, déi sech a Gesellschaft net méi kënnen uerdentlech behuelen? Erwuessener, déi sech kaum nach Gedanke maachen, déi kee Bléck méi hunn fir de Mënsch, fir d’Natur? Déi alles laafe loossen?

Fir dass mer mar, net vun dëse Phenomenen iwwerrompelt ginn, gëtt et héich Zäit, dass mer eis mat de Konsequenzen auserneen ze setzen. D’Konsequenzen fir deen eenzelne Mënsch, d’Konsequenzen fir di ganz Gesellschaft. An do ass och, di nei Regierung, déi mer an e puer Méint hunn, opgefuerdert, séier ze handlen, an net d’Aen an d’Oueren zou ze maachen!

Isabelle Schmit-Mines

11.06.18

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *