Wou geet et un?

Haut, a senger Abschiedsried virum Europaparlament, huet de Jean-Claude Juncker, gesot, di gréisste Leeschtung vun der Europäischer Unioun, war, de Fridden, dee mer an Europa konnten haalen. Mir empfannen dat als selbstverständlech, dat ass et awer net. An 20 Joer, ass kee méi do, deen den 2. Weltkrich materlierft huet. Ëmsou méi ass et wichteg, ëmmer nees de Jonken dovunner ze schwätzen, wat Krich bedeit, wat Krich mat sech bréngt. Mir mussen hinnen vu Krich a vu Fridden schwätzen, sot en.

Mir wëllen alleguerten, Fridden. Mä, solle mer eis net emol bewosst ginn, dass mer alleguer, kënnen dozou bäidroen? Bei all Gedanken, dee mer formuléieren, bei all, Wuert, dat mer soen, bei all Geste dee mer maachen, droe mer zum Friddensprozess bäi – oder net.

Mir schwätzen vill vun Ekologie, vu Klimawandel, mä séier wéineg, dovun, wéi een am beschten mateneen lieft.

Sou ass et wichteg, dass mer net fir all Klengechkeet, déi eis duerch de Stréch geet, mussen opbrausen oder jäizen, dass mer et vermeiden, mat Wierder ronderëm eis ze geheien, déi aner Mënschen blesséieren – oft héiert een suguer, dass déi Mënschen, déi  een am meeschten verletzt , déi sinn, déi engem am notste stinn.

Versichen, Rou ze behalen, versichen, Kompromisser ze maachen, mat Manéieren, mat Respekt, mat Humor – ech mengen, dat sinn nach ëmmer di gutt Weeër fir mateneen eens ze ginn.

Dann ass nach eppes, wat jidderengem ze denken soll ginn: eppes, wat de Kanner, der Jugend bestëmmt net gutt deet: dat sinn di Videosspiller, mat deenen se oft, vill Zäit verbréngen.

Wat gewosst ass, dat ass, dass vill jonk Leit, déi sech fräiwëlleg, di lescht Joeren an de Krich gemellt haten, vill Zäit mat deene Spiller verbruecht haten, an an der Realitéit dat nogemaach hunn, wat se mat e puer Gesten am Spill gemaach hunn. Di Brutalitéit, wou ee seet „T’ass jo nëmmen e Spill“ oder „T’ass jo nëmmen e Film“ huet ëmmer eng Influenz op eis, op eist Gemitt, oft op eist Behuelen.

Do gouf et, virun e puer Joer, en Experiment deen eng Uni gemaach hat, fir d’Reaktioun ze kucken, wéi d’Mënschen reagéieren, wann en anere Mënsch am Leed ass, deen se net kennen.

Ee Fräiwëllegen hat gemaach wéi wann e virun engem Kino blesséiert gi wär. Du ass gekuckt ginn, wien virun dem Blesséierten géif stoe bleiwen. Di Mënschen, déi e brutale Film gesinn haten, sinn meeschtens weidergaangen, ouni ëmzekucken. Déi Mënschen, déi e rouege Film gesinn haten, sinn oft stoe bliwwen, hu probéiert ze hëllefen oder Hëllef ze ruffen.

Och d’Céline Alvarez hat an hirem Buch „Les lois naturelles de l’enfant“ gemierkt, dass déi, vun hire Schoulkanner, déi quasi keng Televisoun gekuckt hunn oder keng Videosspiller gemaach hunn, vill méi roueg waren an sech besser konzentréiert hunn.

Eise Kanner, Manéieren bäibréngen, de Respekt ëmmer nees pflegen, hinnen et iwwerloossen, och emol eng Hand mat unzepacken – lauter kleng Gesten, déi eis alleguerten zegutt kommen. Mat hinnen d’Rou vun der Natur sichen, mol méi roueg Musek lauschteren – dat alles deet hinne gutt.

An – esou wéi eise Kulturministère dat jo elo fërdert – doduerch, dass se selwer en Instrument léieren spillen, gëtt bestëmmt hir Feinfühlegkeet „trainéiert“.

Wat mer eise Kanner matginn, dat ginn si och der Welt weider. Sou ass naïscht verluer, wat mer soen, wat mer maachen. A fir de Jean-Claude Juncker, ze zitéieren, wat en zum Schluss gesot huet: „Ich war stolz darauf, während langer Zeit und vor allem in den letzten fünf Jahren, ein kleines Teilchen eines größeren Ganzen zu sein, das wichtiger ist als wir“, dat ass eng Liewensaufgab fir eis alleguerten.

Isabelle Schmit-Mines

22.10.2019

Liest och

De Bréif vum Cecilia Lanovic: Vogel-Strauβ-Politik und die Verantwortung der Eltern

Collectif monoparental: Projet de loi concernant le budget des recettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2020

Agenda

ASSOCIATION LUXEMBOURGEOISE POUR LA LIBERTÉ D’INSTRUCTION

Donnerstag, 24. Oktober, 19 Uhr: Cinéma Utopia, Luxembourg

Freitag, 25.Oktober, 19 Uhr, Ciné Scala, Diekirch

Samstag, 26. Oktober, 19 Uhr, Kulturhuef Bistrot, Grevenmacher

POUR LA VIE NAISSANTE

Dîner de bienfaisance

Date: Jeudi, 21 novembre 2019, à 19 hrs

 

 

 

Une pensée sur “Wou geet et un?”

  1. Gëschter war en Viertrag vum Jacques Testard.
    Hien huet sech gewonnert, datt sou vill vun der Emweltproblematik geschwat gëtt, an dat zu Recht, mee dat nëmmen déi wéinegst sech fier d’Zukunft vum MENSCH selwer, an déi domat verbonnen Problematik ze interesséieren schéngen.
    Froen, wéi d’Selektioun vun den Embryonen an den Diagnostic préimplantatoire, deen eng nei Eugenik ass, d’Fuerschung um Embryo an d’genetesch Verännerung vum mënschlechen Genom stellen sech do z.B.
    Den Jacques Testard wollt duerch d’ PMA, d.h. D’Procréation médicalement assistée, Koppelen vun Mann a Fra, déi aus verschiddenen medezinesch bedéngten Ursaachen keng Kanner konnten kréien, zu Nowues verhëllefen.
    Säin Ziel war awer net, en Recht op en Kand fir all, dat als Hallefwais ouni Papp oder Mamm, opwuessen muss !
    Hien ass der Meenung datt net alles, wat machbar ass, och däerf gemaach ginn !
    Vläicht sollten mir eis all mol Gedanken man, wéi eng Welt mir eisen Kanner wëllen iwwerloossen, an dat, netnëmmen um materiellen Plang…

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *